Gyana, sou heescht den neie Wëssenstrainer de mySchool! iwwer déi lescht 2 Joer entwéckelt huet.
Mat Gyana kann all Enseignant seng eege multimedia Wëssenstester erstellen (Choix multiples, Lückentexter, Vokabelslëschten, asw.) a senge Schüler online Tester associéieren. Gyana erlaabt et dem Enseignant d'Resultater vu senge Schüler ze analyséieren a sou dem Schüler säi Progrès ze erfaassen. All Enseignant ka seng Tester mat aneren Enseignantë partagéiere respektiv an enger grousser Testdatebank publizéieren. Dës Testdatebank huet en ëffentleche Beräich fir anonym Benotzer ( http://gyana.public.myschool.lu) an en interne Beräich fir d'Membere vu mySchool! ( http://gyana.myschool.lu) . D'Schüler hirersäits gesinn all Tester déi hinnen associéiert goufen an deemno nach ze maache sinn. Weider kënne Si hir eege Fortschrëtter verfollegen un Hand vun den Tester déi Si schonns gemaach hu respektiv déi Si nach net ofgeschloss hunn.
Méi zu Gyana get et demnächst um Site:
http://gyana.web.myschool.lu
|