mySchool! mySchool!
Home | A propos du portail | Contact - Support Imprimer cette page
Wednesday, February 08, 2012 15:58  (GMT+0100)
    > home > myschoolnet - är virtuell schoul op myschool!


Ëmmer méi Gemengen entdecken d'Méiglechkeete vu mySchool!

De Portal mySchool! offréiert interesséierte Gemengen d'Méiglechkeet souwuel e Schoul-Website wéi eng intern Intranet Plattform fir hir Grondschoulen anzeriichten. Dëst geschitt op Basis vun enger zentraliséierter Technologie. Deemno si keng schoul-intern Serverinstallatiounen noutwenneg. Interesséiert Schoule musse just iwwer en ADSL Internet Accès verfügen.

Folgend Servicer sinn einfach iwwer e Standard-Webbrowser accessibel:

INTEGRÉIERT BENOTZERVERWALTUNG

All Enseignanten aus der Grondschoul si schonns an der Benotzerdatebank vu mySchool! enthal; d'Schüler vun enger ganzer Gemeng kennen mat engem einfach "Import" integréiert ginn.

 ZESUMMESCHAFFEN A COMMUNAUTEITEN

Communautéiten erliichteren d'Zesummeschaffen an der Schoul an dat iwwer d'Grenze vun Zäit a Raum weg. An ëffentlechen oder geschlosse Communautéite kënnen Enseignanten a Schüler gemeinsam u Projete schaffen, z.B. Dokumenter verfaassen, publizéieren oder austauschen a villes méi. Dës Zesummenaarbecht fënd a liicht ze bedéngenden Diskussiouns- an Dokumenteforen statt. Weider kënne Kalenner an Aufgabelëschten gefouert ginn. Zousätzlech personnaliséiert Kollaboratiounsdéngschter ginn op Ufro all Moment bereet gestallt.

WEBFOLIOS - PUBLIZEIERE MAT SMART CONTENT MANAGEMENT SERVER (SCS)

SCS

 

Dësen esou einfach wéi vollstännegen Outil erlaabt et Webfolios ze publizéieren an dëst zesumme mat de Schüler. Webfolios si perséinlech an/oder Communautéite-Websiten déi entweder um Internet oder am Intranet kënne consultéiert ginn. Mat SCS kann den Enseignant mat sénger Klass vollstänneg Léierobjeten mat Wëssen, Informatiounen a soss Contenu erstellen ouni eng Zeil HTML ze codéieren.

Kuckt Iech eisen Demo-Site un op der Adresse: http://demo.mysite.lu


 myLibrary! BIBLIOTHEIKSVERWALTUNG

Interesséiert Schoule profitéiere vun der integréierter ( Schoul- ) Bibliothéiksverwaltung. Dës Applicatioun mécht Schoulbibliothéike lieweg a benotzerfrëndlech. Méi Informatiounen zu myLibrary! ginn et hei. Kuckt Iech w.e.g. eis Demo-Bibliothéik un.

 Gyana - MULTIMEDIA WËSSENSTRAINER

Gyna

Gyana, sou heescht den neie Wëssenstrainer de mySchool! iwwer déi lescht 2 Joer entwéckelt huet.

Mat Gyana kann all Enseignant seng eege multimedia Wëssenstester erstellen (Choix multiples, Lückentexter, Vokabelslëschten, asw.) a senge Schüler online Tester associéieren. Gyana erlaabt et dem Enseignant d'Resultater vu senge Schüler ze analyséieren a sou dem Schüler säi Progrès ze erfaassen. All Enseignant ka seng Tester mat aneren Enseignantë partagéiere respektiv an enger grousser Testdatebank publizéieren.
D'Schüler gesinn all Tester déi hinnen associéiert goufen an deemno nach ze maache sinn. Weider kënne Si hir eege Fortschrëtter verfollegen un Hand vun den Tester déi Si schonns gemaach hu respektiv déi Si nach net ofgeschloss hunn.

Méi zu Gyana a besonnesch déi leschten Updates get et um Site:

http://gyana.web.myschool.lu

 

 








 Interesséiert?  

Sidd Dir interesséiert an ärer Gemeng vun de Servicer vu mySchool! ze profitéieren, da kontaktéiert eis um

Centre de Technologie de l'Éducation

Portail éducatif mySchool!

29 avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg-Kirchberg

Project Manager
Tél. +352 247-85982
Fax +352 333 797
E-mail: contact@myschool.lu

Ens. fondamental
Tél. +352 247-85983 (je-ve)
Fax +352 333 797
E-mail: fondamental@myschool.lu

Helpdesk

 Online Schoulen  

 Brochure  

Eis Brochure downloaden

Eis Brochure downloaden

Haut de page

Copyright © MENFP/CTE  Aspects légaux